Kai Fischer

Kai Fischer
Gebuer 18. Mäerz 1934
Prag
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Schauspiller, Dréibuchauteur, Schrëftsteller, Mannequin, Filmschauspiller

D'Kai Fischer oder och Kay Fischer, gebuer als Kai Anne Inge Fischer den 18. Mäerz 1934 zu Halle, ass eng däitsch Schauspillerin.

D'Kai Fischer war am Kino haaptsächlech an erotesche Filmer wéi Too Hot to Handle (1960) vum Terence Young a Josefine Mutzenbacher (1970) vum Kurt Nachmann oder a Kriminalfilmer wéi Das Wirtshaus von Dartmoor (1964) vum Rudolf Zehetgruber ze gesinn. Si huet awer och a bedeitende Filmer wéi Die Angst des Tormanns beim Elfmeter (1972) vum Wim Wenders an The Serpent's Egg (1977) vum Ingmar Bergman matgespillt.

Si huet och a villen TV-Produktioune wéi an der Serie Salto Mortale oder an der Miniserie Die Gentlemen bitten zur Kasse matgespillt.


From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Tubidy